D’Fatzbeidelen. E Stéck fir ze laachen, fir ze liesen a vläicht fir ze spillen.
Wat hunn d’Flugdauer vun engem Superjet vun Dibella op Fochimi (bei gënschtege Wiederconditiounen), Wirschtecher, e Mann mat enger Schéier am Bauch, e Mann (een aneren) mat enger Trompett um Balcon vun engem Schlass, 137 Pomjeeën, 10 Ënneroffizéier, e Ruddel déck Fësch a gefreckte Mécken mateneen ze dinn?
À la base iwwerhaapt näischt. Mee beim NoWe, engem vu ville Pseudonymen vum Norbert Weber, fannen all dës Personnagen a Liewewiesen (292 am ganzen) Plaz an deem bis haut onopgeféierte Stéck.